RSS Feed

Aktuell

Posted in Unpublished by admin on janvier 13th, 2012

Fir d’Gerance vum Gîte ze vereinfachen an d’Tâchen opzedeelen, ginn folgend Ënnerdeelungen gemaach:

  • Concierge/Gérant vum Gîte (dës Tâche kennen sech méi Leit ënnerteneen opdeelen)
  • 1 Verwalter vum Internetsite & den Online-Buchungen
  • 2 Botzfra’en

Detail vun deenen eenzelnen Tâchen:

Concierge/Gérant-Gîte

Virum Besuch:

  • Am Online-Kalenner kontrolléieren wéini Leit kommen.
  • Gîte 1 Dag virdrun temperéieren (am Wanter) resp. lëften (am Summer)
  • Stand vum Mazout kontrolléieren+ evtl. bestellen

Während dem Besuch:

  • Gäscht beim Check-in empfänken.
  • Schlëssel iwwerreechen.
  • Een Tour duerch den Gîte mat Erklärungen maachen.
  • Suggestiounen fir Aktivitéiten an der Ëmgéigend ginn, Deplianten/Wanderkaarten iwwerreechen.

Nom Besuch

  • Schlëssel asammelen
  • Saachen dei fehlen ersetzen.
  • Botzfra kontaktéieren fir ze botzen an hir Stonnen dem Caissier notéieren.
  • Am Fall vun engem Defaut den  Verwalter vum Internetsite & den Online-Buchungen informéieren fir dat d’Kautioun zréckbehalen gëtt.

Verwalter vam Internetsite & den Online-Buchungen

  • Buchungen entgéint huelen.
  • Buchungsvertrag opstellen.
  • Buchungsdetailer fir Botzfra/Concierge am Buchungskalenner aktualiséieren.
  • Kopie vum Buchungsvertrag un Caissier verschécken.
  • Rechnungen kontrolléieren an evtl. ermahnen.
  • Fiche d’hebergement un d’Leit schécken.
  • Fiche d’hebergement am TOHEB androen. Detailer
  • Hostelbeschreiwung um aktuellen Stand halen.

Botzfra

  • Den Gîte nom Besuch botzen.
  • Kontroll vum Gite (Besteck, Telleren, Dëppen, Mazout, Kichendicher, Drecksback, Spullmaschinne) an den Concierge/Gérant-Gîte informéieren falls eppes feelt.
  • Kichendicher wäschen.